Wien stecht hannert Catch a Smile:
Firwat “Catch a Smile“?
Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et ebe virun allem e “Laachen“ dat dëse Mënsche gutt deet. E klenge Geste vu Mënschlechkeet deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.
Mir wëllen:
Weider sou dacks wéi méiglech en Hëllefsconvoi
op déi néideg Plazen organiséieren a mat Ärer Hëllef ëmmer rëm d‘Refugiéen ënnerstëtzen. Sou hunn och nei Volontären d‘Méiglechkeet eng Hand mat unzepaken a sech selwer e Bild vun der Situatioun
op deene jeeweilege Plazen ze maachen.
Eis Ideologie:
Mënschen, déi aus wéi enger Ursaach och ëmmer, mussen aus hirer Heemecht flüchten, sinn op Hëllef
vu Friemen ugewisen.
A genau déi Hëllef wëlle mir schenken... mir hunn d'Chance n an der Situatioun ze sinn dëst kënnen
ze maachen.
Eis Aktivitéiten:
- Hëllefsconvoi an de Balkan/Griichenland
- Hëllefsconvoi op Calais/Duinkerk
- Sammele vu Geld- a Sachspenden
- Informatioun a Sensibilisatioun