top of page

... weider Fotoen
an Informatioune
fannt Dir op
facebook!

  • Facebook Clean

24.11. - 02.12.2015

1. Convoi

Dimitrovgrad (Serbien)
SlavonskiBrod (Kroatien)
Dobova (Slovenien)

 

Vum 24. November bis den 2. Dezember 2015 si mir mat 3 Camionnetten an 9 Leit an de Balkan gefuer, fir do aktiv un de Grenzen, Mënschen op hirer Flucht ze hëllefen.

4 Leit vun eis si rof op Dimitrovgrad op déi serbesch-bulgaresch Grenz gefuer.

5 Leit waren op der kroatesch-bosnescher Grenz zu SlavonskiBrod an engem Camp an op der slowenesch-koratescher Grenz zu Dobova, och an engem Refugees-Camp.

 

09. - 14.01.2016
15. - 23.01.2016

2. Convoi

Dunkerque (Frankräich)

 

Vum 9. - 14. Januar a vum 15. - 23. Januar waren 2 Ekippen op Dunkerque. Hei ass en inoffizielle Camp, wou ganz vill Mënsche verzweifelt a futtissen Zelter wunnen...

Mir hu mat de Spenden, déi mir kruten, Iesswueren awer och vill Gaskartouchë kaf an ausgedeelt. Et ass an der Kiche gekacht ginn a mir hunn individuell Hëllef ugebueden, je no Besoin.

 

18.02. - 25.02.2016

3. Convoi

Sentijl (Slowenien)

 

Am Februar konnte mir erëm e Convoi

mat super motivéierte Volontären 

organiséieren.

 

Eng Ekipp war op Sentijl un déi slowenesch-éisterräichesch Grenz. Si sollten eigentlech do am Camp hëllefen, mee durch d'Situatioun vun den zouene Grenzen an de Push-Backs, war de Camp eidel. Si hu sech dunn op Zagreb gemaach, wou d'Organisatioun "Are you Syrious" Volontäre gebraucht huet. Eis Leit hu sech hei u logistescher Aarbecht bedeelegt an hu gehollef e Container mat allerlee Spenden, wéi Kleeder, Schong a soss Material ze préparéieren. Dëse Container ass a Griicheland geschéckt ginn.

 

18.02. - 25.02.2016

3. Convoi

Chios (Griicheland)

 

Den 18. Februar ass et fir 7 Volontäre mam Fliger a Griicheland op d'Insel Chios gaangen. Akkreditéiert war eis Ekipp bei enger lokaler Organisatioun, dem “Chios Eastern Shore Rescue Team“ (CESRT).

Op der Insel Chios komme mëttlerweil ganz vill Booter mat Refugieeën un, déi da musse mat deem néidegste versuergt ginn. Nierwet Nuetspatrouillen, Spotterschichten huet d'Team Lëtzebuerg awer och vill de lokale Leit gehollef, déi mitt sinn a sou lues duerch déi ganz Situatioun verzweifelen.

 

Doniewt konnten d'Lëtzebuerger Volontäre sech och e Bild iwwer déi allgemeng Sitatioun a Griicheland an zemools eben op der Insel maachen.

 

Et ass e grousse Besoin un Hëllef do, sou datt Catch a Smile beschloss huet, verschidden Organisatiounen, déi op der Plaz sinn, weider finanziell ze ënnerstëtzen.

 

10.-13.02.2016

01.-05.03.2016


kuerze Convoi
Dunkerque (Frankräich)

15.-16.03.2016

4. Convoi

Dunkerque (Frankräich)

 

Mir ware mat 43 Vëloen op Dunkerque
an hu vill Refugieeën domat iwwerglécklech gemaach.

09.03.-18.03.

5. Convoi

Idomeni (Griicheland)

 

1 vun eise Volontären ass mat Rollstill a Kretschen op Idomeni gefuer an huet do iwwert eng Woch gehollef kachen.

03.04.-10.04.2016

6. Convoi

Athen (Griicheland)

 

2 Volontären hunn a Griicheland zu Athen um Port E2 eng Woch eng Hand mat ugepak wou Hëllef néideg war.

04.-09.04.2016

7. Convoi

Dunkerque (Frankräich)

 

Mir ware mat enger ganzer Ekipp erëm op Dunkerque an den neie Camp.

19.04. - 26.04.2016

8. Convoi

Idomeni (Griicheland)

 

Mir waren zu 5 Volontären op Idomeni, e klengt Duerf un der mazedonescher Grenz a Griicheland, wou ëm déi 10.000 Mënschen an Zelter liewen.

12.05. - 15.05.2016

9. Convoi
Dunkerque (Frankräich)

 

Eng weider Kéier ware mir mat enger Ekipp op Dunkerque an den neie Camp.

 

14.05 - 21.05.2016

10. Convoi

Idomeni (Griicheland)

 

Mir waren zu 7 Volontären zréck op Idomeni, e klengt Duerf a Griicheland.

20.06.2016


World Refugee Day
Schengen (Luxembourg)

 

An Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen hu mir en Event am Kader vum “Weltflüchtlingsdag“ organiséiert.

Fotos: Olivier Bouton

19.06 - 26.06.2016

11. Convoi

Thessaloniki (Griicheland)

 

Mir waren zu 5 Volontären op Thessaloniki an Nord-Griicheland. Hei si ganz vill Refugieescampen, an deene mir aktiv gehollef hunn.

18.07. - 28.07.2016

12. Convoi

Thessaloniki (Griicheland)

 

Mir waren zu 8 Volontären op Thessaloniki an Nord-Griicheland.

16.08. - 08.09.2016

13. Convoi

Thessaloniki an Athen (Griicheland)

 

8 Volontäre waren deelweis op Thessaloniki an Nord-Griicheland oder zu Athen am Asaz.

23.10. - 30.10.2016

14. Convoi

Chios (Griicheland)

 

5 Volontäre waren op der Insel Chios am Asaz.

24.10. - 6.11.2016

15. Convoi

Thessaloniki (Griicheland)

 

5 Volontäre waren zu Thessaloniki am Asaz.
Hei si verschidden Aarbechten geleescht ginn, haaptsächlech awer huet d'Ekipp mat "Soul Food Kitchen" fir Réfugiéeën, déi op der Strooss liewen, gekacht.

01.11. - 5.11.2016

16. Convoi

Athen (Griicheland)

 

1 Volontärin waren zu Athen am Asaz. 

05.10. - 05.11.2016

Chios (Griicheland)

 

Mir hate wärend 4 Wochen eng Laangzäitvolontärin zu Chios an der Schoul “Refugee Education Chios“.

28.12.2016 - 08.01.2017
Thessaloniki (Griicheland)


15.01. - 22.01.2017

Thessaloniki (Griicheland)


30.01.  - 19.02.2017

Thessaloniki (Griicheland)

17.02. - 25.02.2017

Chios (Griicheland)

19.02. - 25.02.2017

Athen (Griicheland)

25.02. - 04.03.2017

Belgrad (Serbien)

24.03. - 31.03.2017

Belgrad (Serbien)

09.04. - 15.04.2017

Thessaloniki (Griicheland)

08.04. - 15.02.2017
Chios (Griicheland)

13.04. - 20.04.2017

Athen (Griicheland)

20.05. - 27.05.2017

Belgrad (Serbien)

Juni 2017
Thessaloniki (Griicheland)


Juni-August 2017

2 Long terms zu Chios (Griicheland)


September - Dezember 2017

2 Long terms zu Athen (Griicheland)

 

Januar 2018

1 Longterm zu Chios (Griicheland)

 

Februar 2018

1 Longterm zu Chios (Griicheland)

 

Mäerz 2018

Sid (Serbien)


 

Zënter mëtt 2018:

-D'Situatioun huet sech iwwerall verännert an d'Hëllef ass mat der Zäit méi "organiséiert" ginn. Och eis Aktivitéiten hu sech ugepasst. Mir ënnerstëtzen elo méi fix Organisatioune sur place.

-Sporadesch Long terms a Griicheland

-Reegelméisseg Presenz a Bosnien um Terrain

-Reegelméisseg Convoien op Calais/Dunkerque

-Ponktuell Sammel-, Spenden-, Tri-Aktiounen zu Lëtzebuerg...

... weider Fotoen an Informatioune
fannt Dir op eiser Facebook Säit.

 

Mir sinn och Deel vum Ronnen Dësch.

 

 

  • Facebook Clean
bottom of page