top of page

Catch a Smile a.s.b.l.

Mir fueren dohi wou Hëllef gebraucht gëtt.

 

Am November 2015 ass e Grupp vun 9 lëtzebuerger Volontäre mat engem Hëllefsconvoi
a Refugiéscampen an de Balkan gefuer, fir do aktiv Mënschen, déi op der Flucht sinn,

ze hëllefen. No dësem Asaz war d’Motivatioun nach méi grouss fir weiderzefueren,

dobäi koum, datt d'Nofro vun anere Leit och do war.

 

Mir sinn dowéinst immens frou, datt et eis ASBL “Catch a Smile“ elo säit Ufank 2016 gëtt.

Si erméiglecht eis Donen a Fonge méi einfach ze geréieren. Si gëtt de Convoien e Kader an ënnerstëtzt aner Associatiounen op deene verschiddenen Destinatiounen.

 

 

... weider Fotoen
an Informatioune
fannt Dir op
facebook!

  • Facebook Clean
Cas QR Code.jpeg
Digicash logo SM magenta-01.png

Mir soe “Merci“ fir Ären Don!

Catch a Smile asbl

BCEE IBAN LU83 0019 4755 1571 9000

BIC Code: BCEELULL

Firwat “Catch a Smile“?
Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et ebe virun allem e “Laachen“ dat dëse Mënsche gutt deet. E klenge Geste vu Mënschlechkeet, deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.

 

Mir wëllen:

Weider sou dacks wéi méiglech en Hëllefsconvoi

op déi néideg Plazen organiséieren a mat Ärer Hëllef ëmmer rëm d‘Refugiéen ënnerstëtzen. Sou hunn och nei Volontären d‘Méiglechkeet eng Hand mat unzepaken a sech selwer e Bild vun der Situatioun

op deene jeeweilege Plazen ze maachen.

Eis Ideologie:

Mënschen, déi aus wéi enger Ursaach och ëmmer, mussen aus hirer Heemecht flüchten, sinn op Hëllef

vu Friemen ugewisen.

A genau déi Hëllef wëlle mir schenken... mir hunn d'Chance kënnen an dëser Situatioun ze sinn fir dëst ze maachen.

 

Eis Aktivitéiten:

- Hëllefsconvoien an de Balkan/Griicheland
  an op Calais/Duinkerk

- Ënnerstëtzung vu Partnerorganisatioune sur Place

- Sammele vu Geld- a Materialspenden

- Informatioun a Sensibilisatioun

 

Wie stécht hannert Catch a Smile:

bottom of page