

![]() | ![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
![]() |
Catch a Smile a.s.b.l.
Mir fueren dohinn wou Hëllef gebraucht gëtt.
Am November 2015 ass e Grupp vun 9 lëtzebuerger Volontäre mat engem Hëllefsconvoi
a Refugiéscampen an de Balkan gefuer, fir do aktiv Mënschen, déi op der Flucht sinn
ze hëllefen. No dësem Asaz war d’Motivatioun nach méi grouss weiderzefueren,
dobäi koum, datt Nofro vun anere Léit och do war.
Mir sinn dowéinst elo immens frou Iech kënnen eis eegen ASBL “Catch a Smile“ virzestellen.
Si erméiglecht eis Donen a Fonge méi einfach ze geréieren an et gëtt den
zukünftege Convoien e Kader.


Mir soen “Merci“ fir ären Don!
Catch a Smile asbl
BCEE IBAN LU83 0019 4755 1571 9000
BIC Code: BCEELULL
Firwat “Catch a Smile“?
Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et ebe virun allem e “Laachen“ dat dëse Mënsche gutt deet. E klenge Geste vu Mënschlechkeet deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.
Mir wëllen:
Weider sou dacks wéi méiglech en Hëllefsconvoi
op déi néideg Plazen organiséieren a mat Ärer Hëllef ëmmer rëm d‘Refugiéen ënnerstëtzen. Sou hunn och nei Volontären d‘Méiglechkeet eng Hand mat unzepaken a sech selwer e Bild vun der Situatioun
op deene jeeweilege Plazen ze maachen.
Eis Ideologie:
Mënschen, déi aus wéi enger Ursaach och ëmmer, mussen aus hirer Heemecht flüchten, sinn op Hëllef
vu Friemen ugewisen.
A genau déi Hëllef wëlle mir schenken... mir hunn d'Chance n an der Situatioun ze sinn dëst kënnen
ze maachen.
Eis Aktivitéiten:
- Hëllefsconvoi an de Balkan/Griichenland
an op Calais/Duinkerk
- Ënnerstetzung vu Partnerorganisatiounen sur Place
- Sammele vu Geld- a Sachspenden
- Informatioun a Sensibilisatioun
Wien stecht hannert Catch a Smile:

Présidente

Sécretaire

Trésorier

Trésorière adjointe

Membre

Membre

Membre

Membre