

24.11. - 02.12.2015
1. Convoi
Dimitrovgrad (Serbien)
SlavonskiBrod (Kroatien)
Dobova (Slovenien)
Vum 24. November bis den 2. Dezember si mir mat 3 Camionnetten an 9 Léit an de Balkan gefuer, fir do aktiv un de Grenzen, Mënschen op hirer Flucht ze hëllefen.
4 Leit si vun eis erof op Dimitrovgrad op déi serbesch-bulgaresch Grenz gefuer.
5 Leit waren op der kroatesch-bosnescher Grenz zu SlavonskiBrod an engem Camp an op der slowenesch-koratescher Grenz zu Dobova, och an engem Refugees-Camp.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
09. - 14.01.2016
15. - 23.01.2016
2. Convoi
Dunkerque (Frankräich)
Vum 9. - 14. Januar a vum 15. - 23. Januar waren 2 Ekippen op Dunkerque. Hei ass en inoffizielle Camp, wou ganz vill Mënsche verzweifelt a futtissen Zelter wunnen...
Mir hu mat de Spenden, déi mir kruten, Iesswueren awer och vill Gaskartouchë kaf an ausgedeelt. Et ass an der Kiche gekacht ginn a mir hunn individuell Hëllef ugebueden, je no Besoin.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
18.02. - 25.02.2016
3. Convoi
Sentijl (Slowenien)
Am Februar konnte mir erëm e Convoi
mat super motivéierte Volontären
organiséieren.
Eng Ekipp war op Sentijl un déi slowenesch-éisterräichesch Grenz. Si sollten eigentlech do am Camp hëllefen, mee durch d'Situatioun vun den zouene Grenzen an de Push-Backs, war de Camp eidel. Si hu sech dunn op Zagreb gemaach, wou d'Organisatioun "Are you Syrious" Volontäre gebraucht huet. Eis Leit hu sech hei u logistescher Aarbecht bedeelegt an hu gehollef e Container mat allerlee Spenden, wéi Kleeder, Schong a soss Material ze préparéieren. Dëse Container ass a Griicheland geschéckt ginn.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
18.02. - 25.02.2016
3. Convoi
Chios (Griicheland)
Den 18. Februar ass et fir 7 Volontäre mam Fliger a Griicheland op d'Insel Chios gaangen. Akkreditéiert war eis Ekipp bei enger lokaler Organisatioun, dem “Chios Eastern Shore Rescue Team“ (CESRT).
Op der Insel Chios komme mëttlerweil ganz vill Boot mat Refugieeën un, déi da musse mat deem néidegste versuergt ginn. Nierwet Nuetspatrouillen, Spotterschichten huet "Team Lëtzebuerg" awer och vill de lokale Leit gehollef, déi si midd a verzweiwelen sou lues mat der ganzer Situatioun.
Donierwt konnten lëtzebuerger Volontären sech awer och e Bild iwwer déi allgemeng Sitatioun a Griicheland an zumols eben op der Insel maachen.
Et ass e grousse Besoin un Hëllef do, sou datt Catch a Smile beschloss huet, verschidden Organisatiounen déi op der Plaz sinn, wieder finanziell ze ënnerstëtzen.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
10.-13.02.2016
01.-05.03.2016
kurze Convoi
Dunkerque (Frankräich)
15.-16.03.2016
4. Convoi
Dunkerque (Frankräich)
Mir waren mat 43 Velo'en op Dunkerque
an hu vill Refugieeën domat iwwerglécklech gemaach.
09.03.-18.03.
5. Convoi
Idomeni (Griicheland)
1 vun eise Volontären ass mat Rollstill a Kretschen op Idomeni gefuer an huet do iwwert eng Woch gehollef kaachen.
03.04.-10.04.2016
6. Convoi
Athen (Griicheland)
2 Volontären hunn a Griicheland zu Athen um Port E2 eng Woch eng Hand mat ugepak wou Hëllef neideg war.
04.-09.04.2016
7. Convoi
Dunkerque (Frankräich)
Mir waren mat enger ganzer Ekipp erëm op Dunkerque an den neie Camp.
19.04. - 26.04.2016
8. Convoi
Idomeni (Griicheland)
Mir waren zu 5 Volontären op Idomeni, e klengt Duerf un der mazedonescher Grenz a Griicheland, wou em déi 10.000 Mënschen an Zelter liewen.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
12.05. - 15.05.2016
9. Convoi
Dunkerque (Frankräich)
Eng weider Keier waren mir mat enger Ekipp op Dunkerque an den neie Camp.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
14.05 - 21.05.2016
10. Convoi
Idomeni (Griicheland)
Mir waren zu 7 Volontären zréck op Idomeni, e klengt Duerf a Griicheland.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |

20.06.2016
World Refugee Day
Schengen (Luxembourg)
An Zesummenaarbecht mat anneren Organisatiounen hu mir en Event am Kader vum “Weltflüchtlingsdag“ organiséiert.
Fotos: Olivier Bouton
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
19.06 - 26.06.2016
11. Convoi
Thessaloniki (Griicheland)
Mir waren zu 5 Volontären op Thessaloniki an Nord-Griicheland. Hei sinn ganz vill Refugieescamps, wou mir aktiv gehollef hunn.
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
18.07. - 28.07.2016
12. Convoi
Thessaloniki (Griicheland)
Mir waren zu 8 Volontären op Thessaloniki an Nord-Griicheland.
16.08. - 08.09.2016
13. Convoi
Thessaloniki an Athen (Griicheland)
8 Volontären waren deelweis op Thessaloniki an Nord-Griicheland oder zu Athen am Asaz.
23.10. - 30.10.2016
14. Convoi
Chios (Griicheland)
5 Volontären waren op der Insel Chios am Asaz.
24.10. - 6.11.2016
15. Convoi
Thessaloniki (Griicheland)
5 Volontären waren zu Thessaloniki am Asaz.
Hei si verschidden Aarbechten geleescht ginn, haptsächlech awer huet d'Ekipp mat Soul Food Kitchen fir Réfugiéeën déi op der Strooss liewen gekacht.
01.11. - 5.11.2016
16. Convoi
Athen (Griicheland)
1 Volontärin waren zu Athen am Asaz.

05.10. - 05.11.2016
Chios (Griicheland)
Mir haten während 4 Wochen eng Laangzäitvolontärin zu Chios an der Schoul “Refugee Education Chios“.
28.12.2016 - 08.01.2017
Thessaloniki (Griicheland)
15.01. - 22.01.2017
Thessaloniki (Griicheland)
30.01. - 19.02.2017
Thessaloniki (Griicheland)
17.02. - 25.02.2017
Chios (Griicheland)
19.02. - 25.02.2017
Athen (Griicheland)
25.02. - 04.03.2017
Belgrad (Serbien)
24.03. - 31.03.2017
Belgrad (Serbien)
09.04. - 15.04.2017
Thessaloniki (Griicheland)
08.04. - 15.02.2017
Chios (Griicheland)
13.04. - 20.04.2017
Athen (Griicheland)
20.05. - 27.05.2017
Belgrad (Serbien)
Juni 2017
Thessaloniki (Griicheland)
Juni-August 2017
2 Long terms zu Chios (Griicheland)
September - Dezember 2017
2 Long terms zu Athen (Griicheland)
Januar 2018
1 Longterm zu Chios (Griicheland)
Februar 2018
1 Longterm zu Chios (Griicheland)
März 2018
Sid (Serbien)
Sporadesch...
Long terms a Griicheland
Regelméisseg Convoien op Calais.
Zënter mëtt 2018 si mir och
regelméisseg a Bosnien um Terrain.
... weider Fotoen an Informatiounen
fannt fir op eiser facebook-Grupp!