top of page

Wéi kënnt Dir eis ënnerstëtzen?

Gitt aktiv a kreativ a sammelt fir eis Fongen, domadder géift Dir eis onheemlech ënnerstëtzen.

Et gi vill verschidde Méiglechkeeten: Kuch verkafen, eng Ausstellung, eng Feier oder e Brunch

organiséieren, asw. Wa mir Iech dobäi hëllefe kënnen, da mellt Iech....

Mir komme gär laanscht wann et méiglech ass.

Gitt Member bei Catch a Smile, andeems Dir eng Memberskaart kaaft (15 Euro/Joer). 

 

Datum fir eis AG: Dënschdes, den 13. Mee um 18h30 am "De Good Fellow" zu Diddeleng. Kommt roueg laanscht a schwätzt mat eis.

Sue spenden

All finanziell Ënnerstëtzung gëtt dringend gebraucht. Mir kënnen domadder Liewensmëttel,

Waasser a Schung oder aner nëtzlecht Material kafen, dëst virun allem sur Place,

fir déi lokal Geschäfter z‘ënnerstëtzen.

Eise Kont: Catch a Smile asbl - BCEE IBAN LU83 0019 4755 1571 9000 oder via Payconiq.

 

Saache spenden

Mir sammelen ëmmer just ponktuell, well mir kee Stock zur Verfügung hunn a sech de

Besoin an deene verschiddene Campen dacks a séier ännert. Mir konzentréieren eis aus deem Grond

just op déi Artikelen, déi dee Moment wou mir fueren am meeschte gebraucht ginn. Et ass ausserdeem wichteg ze wëssen, datt och d’ONGe sur Place nëmmen eng limitéiert Lagerkapazitéit hunn. Dowéinst hale mir eis ëmmer strikt un dat, wat mir matgedeelt kréien. Merci fir Äert Versteesdemech!

© 2016 par Catch a Smile asbl

images.jpeg
  • Facebook Clean
bottom of page