top of page

Ausstellung
We have seen...
 

 

Catch a Smile huet eng Wanderausstellung. Et ass en Temoignage vun engem Joer aktiver Flüchtlingshëllef un de Grenze vun Europa. 

 

An iwwert 100 Fotoe weise mir wat eis Volontairë gesi resp. erlieft hunn, dëst am Balkan (Serbien, Kroatien, Slowenien), zu Grand-Synthe am Frankräich an a Griicheland (Insel Chios, Idomeni, Athen an Thessaoniki).

 

Et sinn dacks Momentopnamen, déi net all op den éischte Bléck vill aussoen, mee op den zweete Bléck an am Kontext fir sech schwätzen. Gewise ginn awer och méi perséinlech Fotoen, ënnert “special Moments“ weise mir Biller mat Mënschen déi mir op eisen Asätz kennegeléiert hunn an ëmmer erëm besicht hunn.

Donierwt sinn awer och eng Réih perséinlech Wieder ze liesen, déi Volontairen geschriwwen hunn, dëst dacks no engem Asaz fir d'Erliefnisser ze verschaffen.

 

Bei Intressi oder fir weider Informatioune kënnt dir Iech gäre mellen

iwwer Email info@catchasmile.org

 

bottom of page