2016-02-20 13.16.27
IMG_2102
2016-02-23 06.45.13
Catch a Smile© 09.41.19-1
2017-03-26 09.57.44-1
DIMITROVGRAD_3
2017-03-26 10.59.43-1
2017-03-27 18.54.00
IMG_1964 Kopie
IMG_1916 Kopie
DIMITROVGRAD_4

Catch a Smile a.s.b.l.

Mir fueren dohinn wou Hëllef gebraucht gëtt.

 

Am November 2015 ass e Grupp vun 9 lëtzebuerger Volontäre mat engem Hëllefsconvoi
a Refugiéscampen an de Balkan gefuer, fir do aktiv Mënschen, déi op der Flucht sinn

ze hëllefen. No dësem Asaz war d’Motivatioun nach méi grouss weiderzefueren,

dobäi koum, datt Nofro vun anere Léit och do war.

 

Mir sinn dowéinst elo immens frou Iech kënnen eis eegen ASBL “Catch a Smile“ virzestellen.

Si erméiglecht eis Donen a Fonge méi einfach ze geréieren an et gëtt den

zukünftege Convoien e Kader.

 

 

... weider Fotoen

an Informatiounen

fannt fir op

facebook!

  • Facebook Clean

Firwat “Catch a Smile“?
Et ass genau dat wat d‘Mënschen op hire villen Etappe vun de private Volontäre kréien. Nieft Kleeder, Iessen a Gedrénks ass et ebe virun allem e “Laachen“ dat dëse Mënsche gutt deet. E klenge Geste vu Mënschlechkeet deen näischt kascht, awer enorm wäertvoll ass.

 

Mir wëllen:

Weider sou dacks wéi méiglech en Hëllefsconvoi

op déi néideg Plazen organiséieren a mat Ärer Hëllef ëmmer rëm d‘Refugiéen ënnerstëtzen. Sou hunn och nei Volontären d‘Méiglechkeet eng Hand mat unzepaken a sech selwer e Bild vun der Situatioun

op deene jeeweilege Plazen ze maachen.

Eis Ideologie:

Mënschen, déi aus wéi enger Ursaach och ëmmer, mussen aus hirer Heemecht flüchten, sinn op Hëllef

vu Friemen ugewisen.

A genau déi Hëllef wëlle mir schenken... mir hunn d'Chance n an der Situatioun ze sinn dëst kënnen

ze maachen.

 

Eis Aktivitéiten:

- Hëllefsconvoi an de Balkan/Griichenland
  an op Calais/Duinkerk

- Ënnerstetzung vu Partnerorganisatiounen sur Place

- Sammele vu Geld- a Sachspenden

- Informatioun a Sensibilisatioun

 

Wien stecht hannert Catch a Smile:

JULIA
Présidente
NADINE
Sécretaire
GILLES
Trésorier
NATHALIE
Trésorière adjointe
FABIENNE
Membre
SIMONE
Membre
NATHALIE V.
Membre
JEFF
Membre
Show More

© 2016 par Catch a Smile asbl

  • Facebook Clean
GILLES

Trésorier